De bekannte Kënschtler kritiséiert di kommunistesch Féierung ëmmer erëm an an der Ëffentlechkeet an ass dowéinst regelméissege Repressiounen ausgesat. Di chinesesch Regierung huet d'Decisioun geholl, säin Atelier zu Shanghai um Dënschdeg virum Sonnenopgank an ouni Virwarnung ofzerappen.
'Obwuel ech wosst, datt si en ofrappe géifen, hat ech net erwaart, datt et esou schnell goe géif', sot de 53-Järege Ai Weiwei zu AFP.
Wou hien dovunner héieren huet ass hien direkt vu Peking op Shanghai geflunn.
De Kënschtler hat ursprénglech eng Baugeneemegung fir den 2.000 Quadratmeter groussen Atelier kritt. Fir d'Gelänner huet hien e Pachtvertraag iwwer 30 Joer ënnerschriwwen. Nodeems hien méi wéi 750.000 Euro an de Bau vum Atelier investéiert huet, hunn d'Autoritéiten wéinst angeblecher 'onsachgeméisser Benotzung' vum Gebai den Ofrëss ugefuerdert.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352