Sunday 12 May 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Kuba: Prozess wéinst 26 doudege Psychiatrie-Patienten ugefangen

Ronn 50 Leit, dorënner Famill vun den Affer an Ugekloter, hu sech virum Geriichtsgebai versammelt, wéi AFP bericht huet. Den Doud vun den 26 Mënschen un Honger an u Keelt am psychiatresche Spidol zu Havana huet am Januar 2010 e Schock a Kuba ausgeléist, wat vill op säin och am Ausland geluefte Gesondheetssystem hält.

Den Elizardo Sánchez, Spriecher vun der offiziell verbuedener kubanescher Kommissioun fir Mënscherechter an National Versöhnung (CCDHRN), déi awer vun der Regierung

toleréiert gëtt, huet gesot, datt et eng Dosen Ugekloter gëtt: Dokteren, Administrateuren, an anert Personal aus der Klinik.

Eng vum Gesondheetsministere etabléiert Ënnersichungskommissioun ass zu der Konklusioun komm, datt den Doud vun de 26 Patienten d'Konsequenz vun der Noléissegkeet vum Personal souwéi de Mangel u gëeegente Moossnamen während der Kältewell virun engem Joer war.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn