Lundi 20 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

US Regierung: Den Assange ass en 'héichtechnologeschen Terrorist'

D'Verëffentlechung vun 250.000 diplomatesche Geheimdokumenter duerch de Site WikiLeaks ass bis elo immens peinlech fir d'US-Regierung gewiescht.

De Biden huet gesot, datt den amerikanesche Justizdepartement examinéiert, wéi se eng justiziell Enquête géint den Assange ausféiere kann. De Medien no soll den Assange beschëllegt ginn, en amerikaneschen Zaldot encouragéiert ze hunn, d'Geheimdokumenter vun engem staatleche Computer ze klauen an un

WikiLeaks weider ze ginn. Hie kéint ënner engem amerikanesche Spionage-Gesetz ugeklot ginn.

Den Assange befënnt sech den Ament ënner Hausarrest an England. Hie wunnt zu Ellingham Hall, en Häerenhaus am Oste vun England, deen engem Kolleg gehéiert. Hie muss sech all Dag bei enger Police-Statioun mellen an en elektronesche Foussfessel droen.

Hie bekämpft eng Extraditioun-Ufro aus Schweden, wou hie wéinst Vergewaltegungsugrëff ugeklot gëtt. Hien huet lescht Woch gesot, hien hätt Angscht datt d'USA och wëlles hunn, hie wéinst der Verëffentlechung vun de Geheimdokumenter z'extradéieren.

Et sinn och nei Detailer zu de Vergewaltegungsvirwërf um Weekend erauskomm. Di zwee Fraen, déi den Assange ukloen, haten allen zwee eng sexuell Bezéiung mat him. Si hu gesot, datt si bei d'Police gaangen sinn, nodeems hie refuséiert huet, en HIV Test ze maachen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn