Lundi 20 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

28 geklaute Konschtwierker vum Picasso a Botero erëmfonnt

D'Wierker, dorënner eng vum spuenesche Kënschtler Eduardo Chillida signéiert Skulptur, sinn engem Schrotthändler ugebuede ginn, huet d'Police matgedeelt. Dëst hat d'Ermëttler op d'Spur vun de Konschtwierker bruecht. Allerdéngs ass nach keen am Bezuch zum Déifstall festgeholl ginn.

De spuenesche Medien no goufen d'Wierker mat engem Gesamtwäert vu 5 Milliounen Euro an engem Liwwerwon an engem Industriegebitt zu Leganés entdeckt.

Dräi maskéiert Männer haten d'Wierker vu Galerien zu Madrid a Barcelona Enn November am Dag aus engem Laster geklaut, deen an engem Lager zu Getafe bei Madrid ofgestellt war.

D'Konschtwierker ware virdrun zu Köln ausgestallt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn