Dimanche 02 Juin 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Groussbritannien: Verhaftung vun 12 Terror-Suspekter

Eng grouss Operatioun vun der britescher Police huet zu der Verhaftung vun 12 Männer, déi en Alter tëscht 17 bis 28 Joer hunn, geféiert. D'Autoritéiten sinn immens wachsam, zemools nom Stockholmer Attentat dee vun engem Mann, deen an England radikaliséiert ginn ass, ausgeféiert gouf.

5 vun de Männer sinn zu Cardiff festgeholl ginn, 3 zu Stoke-on-Trent an 3 anerer zu London.

Et war eng 'grouss, geplangte Kooperatioun' gewiescht, sou de Scotland Yard Kommissär-Assistent John

Yates, 'Mat deem héije Niveau vu Bedrohung, deen et den Ament a Groussbritannien gëtt, a mat den Informatiounen déi mir haten, waren d'Verhaftungen haut absolut essentiell fir d'Sécherheet vun de Leit z'assuréieren'.

D'Detailer zum geplangten Attentat sinn nach onkloer. Den Angaben no waren d'Männer vun der Terrororganisatioun Al-Qaeda inspiréiert a ware méintelaang vun der Police an der MI5 surveilléiert ginn. Den Ament befanne si sech a Policestatiounen zu zentral London, am Nordweste vun England an an de West Midlands.

D'Police huet Recherchen an hiren Heemechten an aneren Adressen ausgeféiert. Déi 5 Männer, déi zu Cardiff festgeholl goufen, stamen aus Bangladesch.

D'Verhaftunge kommen kuerz nodeems Interpol annoncéiert huet, datt si vun hirem Bureau zu Baghdad Informatiounen iwwer méiglech Al-Qaeda Attacken géint Amerika an Europa kritt hunn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn