Lundi 20 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Mord zu Haller: 2 Persounen festgeholl

Um 28. November hat e Spadséiergänger eng Läich an engem Bësch bei Haller entdeckt. 'De Mann hat nëmmen eng Ënneschtbox un an do, wou säi Kapp sollt sinn, loung e blutgedränkte Kichenduch' huet de Spadséiergänger Jos Emmerich, deen d'Läich entdeckt huet, an engem spéideren Interview mam Wort bestätegt.

Et ass eng Enquête vum Dikrecher Parquet lancéiert ginn an no enger Autopsie ass et elo offiziell, datt et sech

ëm e Mord handelt.

Et sinn 2 Persounen no enger éischter Verhörung festgeholl ginn. Dem Dikrecher Parquet no stame si allen zwee aus dem Affer sengem Ëmfeld.

D'Identitéit vum Affer steet och zweiwellos fest.

D'Enquête ass awer nach laang net eriwwer. D'Ermëttler kéinten eventuell nach aner Persounen, déi am Mord verwéckelt sinn, entdecken.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn