Lundi 20 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Asselborn: Ungarn ass der EU-Presidentschaft mat neiem Pressegesetz 'onwierdeg'

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet notamment d'EU-Kommissioun opgefuerdert, géint dat neit Mediegesetz virzegoen well déi ungaresch Regierung d'Wäerter vun der EU esou diskreditéiert. 'D'Pläng verstousse däitlech géint de Geescht an d'Wierder vun den EU-Verträg', sou den Asselborn um Dënschdegowend zu der Noriichtenagence Reuters. Ungarn wier der EU-Presidentschaft esou net 'würdeg'.

Di konservativ Fidesz Partei vum Premier Viktor

Orban, deen zwee Drëttel vun der Majoritéit am Parlament besetzt, huet dat neit Pressegesetz ouni vill Awand duerchgesat mat 256 Stëmmen dofir a 87 dogéint.

Eng 1.500 Demonstranten hu sech virum Parlament um Méindegowend versammelt fir dogéint ze protestéieren. Et gëtt virun allem gefaart, datt d'Pressefräiheet schwéier dorunner leide wäert.

Dat neit Pressegesetz kreéiert eng nei staatlech Medien-Autoritéit an deem all d'Memberen aus der Fidesz-Partei stamen. E géif de Presse-Inhalt reguléieren a Geldstrofen imposéieren wann d'Regelen net respektéiert ginn a wann d'Material net 'politesch ausgeglach' ass. D'Gesetz gëtt um 1. Januar 2011 ageféiert.

D'Geldstrofen kënne bis zu 25 Milliounen Forint (90.500 EUR) fir Presse an Internet sinn, an 200 Milliounen (725.000 EUR) fir Radio an Televisioun. Déi nei Autoritéit géif och d'Recht hunn, Medienequipementer an Dokumenter z'ënnersichen. Si kënnen och Journalisten zwéngen, hir Sourcen am Bezuch zu Froen, déi sech op di ëffentlech Sécherheet awierken, opzeginn.

Schaarf Kritik ass vun den ungareschen Zeitunge komm. Verschiddener hunn als Protest hir Publikatioune mat eidelen Titelsäiten erausginn. D'Gesetz gëtt och vum Internationale Presseinstitut a vun der Organisatioun fir Sécherheet a Cooperatioun an Europa kritiséiert. D'Zeitunge géife sech selwer zenséiere musse fir déi héich Geldstrofen ze vermeiden.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn