Lundi 20 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Luxair: Kollisioun féiert zu Ännerungen um Fluchplang

D'Kollisioun tëscht enger Luxair Boeing an engem Zerwiss-Vehikel huet zu materielle Beschiedegunge geféiert. D'Reparatur vum beschiedegte Fliger wäert etlech Deeg benéidegen well ënner anerem Ersatzstécker geliwwert musse ginn.

Ëm all geplangte Flich duerchféieren ze kënnen, huet d'Luxair en Airbus 320 vun der portugisescher Chartergesellschaft gelount. Passagéiere solle keng Angscht hunn. D'Luxair betount, datt d'Sécherheets-,

Ënnerhalt-, Betriebs- a Qualitéitskriterien deene vun der Luxair Luxembourg Airlines entspriechen.

Allerdéngs sinn déi folgend Ännerungen um Horaire gemaach ginn:

LuxairTours Fluch LG 727 Lëtzebuerg – Teneriffa: Depart Lëtzebuerg 12.05 Auer (Lokalzäit), Arrivée zu Teneriffa 15.05 Auer (Lokalzäit)

LuxairTours Flug LG 728 Teneriffa – Luxemburg: Départ Teneriffa um 15.55 Auer (Lokalzäit), Arrivée zu Lëtzebuerg um 20.50 Uhr (Lokalzäit)

All d'Flich op a vun Teneriffa vum 24. Dezember komme mat 1 ½ Stonne Verspéidung géigeniwwer dem urspréngleche Fluchplang un.

LuxairTours Fluch LG 707 Lëtzebuerg – Las Palmas: Départ Lëtzebuerg um 12.30 Auer (Lokalzäit), Arrivée zu Las Palmas um 15.55 Auer (Lokalzäit)

De Fluch op Las Palmas um 25. Dezember flitt eng Stonn méi fréi géigeniwwer dem urspréngleche Fluchplang.

LuxairTours Fluch LG 741 Lëtzebuerg – Arrecife: Depart Lëtzebuerg um 06.50 Auer (Lokalzäit), Arrivée zu Arrecife um 10.05 Auer (Lokalzäit)

LuxairTours Fluch LG 742 Arrecife – Lëtzebuerg: Depart Arrecife um 11.00 Auer (Lokalzäit), Arrivée zu Lëtzebuerg um 15.55 Auer (Lokalzäit)

De Fluch op Arrecife gëtt vun der Gesellschaft Transavia duerchgeféiert. D'Luxair betount erëm, datt d'Sécherheets- a Qualitéitsstandarden deene vun der Luxair entspriechen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn