Vendredi 10 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Kee Sträit tëscht dem Juncker an dem Blocher

Mat engem heitere Publikum vun iwwer 700 waren d'Erwaardungen héich. De Blocher hat de Juncker bekanntlech mam Hitler verglach. Et war, wéi wann hie Sträit siche géif. Dozou ass et awer net komm. Di zwee Politiker hu sech geschéckt a sech gutt matenee verdroen.

'Ech loosse mech net an di geeschteg Proximitéit vum Hitler stellen', huet de Juncker zum Blocher gesot, 'Wann Dir mech besser kenne géift, datt hätt Dir dat net gesot'. Dem Blocher seng Äntwert: 'Mir wëllen kee geostrategescht Unding sinn. Do si

mir empfindlech. Mir wëlle serieux geholl ginn. D'Schwäiz huet ëmmer misse fir d'Fräiheet kämpfen'.

De Blocher huet erklärt, datt en EU-Bäitrëtt net a Fro kéim. De Juncker huet dozou gesot, datt d'EU d'Schwäiz net iwwerhuele well. Si géifen d'Schwäiz als souveräne Staat respektéieren. 'Ech hunn d'Schwäiz am Interview gelueft. Dat ass mir vum Adolf Hitler net bekannt...Ech sinn de gréisste Schwäizer, deen et an Europa gëtt... Europa ass ouni Nationalstaten net denkbar. Ech well, datt et Lëtzebuerg an d'Schwäiz ëmmer gëtt'.

'Dir sidd an enger privilegéierter Situatioun', sot de Blocher. Juncker: 'Dat sot Dir als Schwäizer!'. Zum Sträit ass et also net komm. Et war e frëndlechen, diplomateschen Echange tëscht zwee Politiker.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn