Samedi 27 Avril 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

D'Léa presentéiert en himmlesche Menu (Video)

Lufthansa First Class a Business Clienten hu Gronn zur Freed: Passend zu der neier Direktverbindung Lëtzebuerg-München bitt d'Lëtzebuerger Starkächin Léa Linster hir Kreatiounen als 'Star Chef' bei der Lufthansa un.

Am Kader vun enger Presseveranstaltung vun der Lufthansa zu München huet News352.lu mat der Bocuse d'Or Gewënnerin geschwat. 'Ech wollt schon ëmmer iwwer de Wolleke kachen', huet si geschwäermt. Bei der Lufthansa ass et säit Joer

Traditioun, datt di bescht Kächen aus der ganzer Welt d'First- a Business Class Passagéieren op laange Strecke verwinnen. Fir Januar a Februar 2011 huet d'Léa Linster e spezielle Menu fir Lufthansa zesummegestallt.

Et gëtt eng Mëschung aus regionalen europäesche Gerichter zerwéiert, déi engem d'Waasser am Mond zesumme lafe loossen. Business Class Clienten erwaarden zum Beispill eng Wëllterrine als Hors d'Oeuvre suivéiert vu … op Tagliatelle mat Hummer-Zoss souwéi Profiteroles als Dessert. D'First Class Passagéieren däerfe sech op Kaviar, Salat mat Austernpilzen an op Poulet mat Rosmarin-Zoss freeën. Dat ganzt kann dann mat der Crème Brulée vum Léa mat enger Macadamia-Glace ofgeronnt ginn. Dobäi fehlen natierlech net dem Léa seng berühmt Madeleinen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn