Dimanche 28 Avril 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Reesewarnung fir Tunesien

E Spriecher vun der Luxair hat nach um Donneschdeg betount, datt d'Touristenzonen vun den Onrouen net betraff wären, mä d'Situatioun huet sech däitlech geännert. D'Protester a Gewaltausbrëch hu sech vum Zentrum bis an aner Stied ausgebreet, dorënner och Tunis an touristesch Zonen bei der Küst. Zu Tunis an an de Banlieuen gëllt e Couvre-feu Owes a während der Nuecht.

Den Ausseminister recommandéiert den Touristen, déi sech den Ament an Tunesien befannen, sech vun all Rassemblement oder Massebewegung ewechzehalen. Si sollen

och de Recommandatiounen vun den tuneseschen Autoritéite follegen.

LuxairTours huet och annoncéiert, datt et gratis Ëmbuchungen fir déi gëtt, déi virum 24. Januar 2011 op Tunesien fléie sollen (Tel: 2456-4711). D'Clienten déi schon do sinn kënnen hir Vakanz och fréizäiteg ofbriechen. Fir dat ze maachen solle si hire LuxairTours Guide op der Plaz kontaktéieren. All Lëtzebuerger, deen Assistenz op der Plaz brauch, soll sech un d'belsch Ambassade ënner der folgender Address an Telefonsnummere wennen:

Rue du 1er juin, 47 Belvédère, 1002 Tunis

Telefonsnummeren:

(00 216 71) 784 093

(00 216 71) 785 497

(00 216 71) 781 655

(00 216 71) 793 351

Fax:

(00216 71) 792 797

Noutruff ausserhalb vun den Öffnungszäiten:

(00 216 98) 363 164

Foto © AFP

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn