Dimanche 28 Avril 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Time Magazine gëtt 5 bescht Grënn fir Lëtzebuerg ze besichen

Den Auteur beschreift Lëtzebuerg als multikulturellt Land mat enger prachtvoller Geschicht a mat enger wonnerbarer Gastronomiesszeen well 13 Restaurant op mannst ee Michelin Stär hunn. Hei 5 Grënn vun Time Magazine, Lëtzebuerg ze besichen an ze genéissen.

D'Alstad ass fir Touristen ëmmer erëm bezaubernd. Dobäi ass de Wenzel Wee, deen d'Visiteuren duerch attraktiv an historesch Géigenden a Stroossen féiert, immens beléift. D'Place d'Armes an d'Kasematten sinn net ze verpassen an de Chemin

de la Corniche gëllt als ee vun deene schéinste Balconen a ganz Europa.

Lëtzebuerg huet 640 Kilometer vu markéierte Vëlosweeër mat engem ofwiesslungsräichen Terrain deen de Minett an de Mëllerdall mat abegräift. Dëst géif di staark Lëtzebuerger Representatioun am Cyclissem erklären, mengt den Auteur. Dobäi wier et och gutt, datt een d'Vëloen däerf gratis mat an den Zuch huelen.

D'Positioun vu Lëtzebuerg tëscht dräi verschiddene Länner huet en defensiven Instinkt am Land gefuerdert, deen an de stolze Schlässer ze gesinn ass, schreift den Auteur. De schéinste befënnt sech zu Veianen a géif Märechersphantasien bei engem erbäiruffen.

D'Sprangprozessioun gouf jo viru kuerzem op d'Lescht vun de UNESCO Weltkulturierwen gesat. Di Joerhonnerten al Traditioun géif e 'kuriéist Vergnügen' sinn.

Op ee sech méi fir de Casino interesséiert oder fir de Spa, Mondorf representéiert Spaass a Relaxéierung.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn