Samedi 27 Avril 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

BCL-Chef gesäit keng Euro-Kris

De Mersch huet gesot, datt et keng Kris an der europäescher Gemeinschaftswährung gëtt. 'Mir befannen eis net an enger Euro-Kris' huet hien zum Tageblatt gesot. Et géif sech am Plaz am eng Scholdekris handelen.

Hien huet op de Gedanken zeréckgewisen, datt di Europäesch Zentralbank (EZB) Euro-Bonds ënner politeschem Drock kafe géif. D'Entscheedung wier vun der EZB alleng getraff ginn fir en Ausgläich op de net funktionéierende Finanzmäert ze schafen. De President vun der

BCL huet sech géint de Gedanke gewiert, datt d'Maastricht Kriterien versot hätten. Si wieren einfach net agehale ginn.

Hie fuerdert dobäi e méi strengt Anhalen vun de Stabilitéitsregelen an hätt gäere vun der Politik, datt zur Krisepräventioun méi Moossnamen ageféiert ginn. 'D'Léisung ass: De Potentialwuesstem muss weider op dräi Prozent klammen'. Dëst géif ee just mat strukturelle Reformen erreechen souwéi duerch Investissementer a Bildung a Fuerschung. An deene Beräicher hätt Europa, a virun allem Lëtzebuerg, vill nozehuelen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn