Lundi 20 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

OECD warnt géint Eurozone-Defizit

D'Länner vun der Eurozone profitéieren vun enger liichter Erhuelung, mä d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) huet gewarnt, datt serieux Reformen a Sanktiounen néideg sinn, fir de massiven Defizit ze reduzéieren an den economesche Gläichgewiicht erëmzefannen.

Um Méindeg warnt d'OECD, datt d'Eurozone onbedéngt e System brauch, deen d'Länner forcéiert, Reformen auszeféieren, fir

finanziell Hëllef ze kréien. Dëst Fro gëtt spéider an der Woch während enger Konferenz vun europäesche Leaderen diskutéiert. Et soll en neie Mechanismus d'750-Milliarden-Euro Rettungsmoossnamen, déi am Joer 2013 zu engem Enn kommen, remplacéieren.

An enger rezenter Etude vu 16 Euro-Länner ass eng 'graduell an nohalteg Erhuelung' festzestellen, mä den Tempo vun dëser Erhuelung wäert awer gedämpt bleiwen. De Wuesstem fir d'Eurozone ass dëst Joer bei 1,7 Prozent virgesinn. Am Joer 2011 soll en 2 Prozent erreechen, sou d'Virausso vun der OECD.

Mat engem onséchere staatlechen Defizit-Maart, deen Griichenland an Irland forcéiert huet, ënner den Euro-Rettungsschierm ze flüchten, huet d'OECD betount, datt d'Länner Ufank 2011 onbedéngt hir Defiziter reduzéieren an hir ëffentlech Finanze stabiliséiere mussen.

Allerdéngs géif d'Eliminatioun vun den Defiziter d'Eurozone Länner mat héije Scholde loossen. Dëst géif se an eng schlecht Positioun dreiwen, fir zukünftege Krisen an de Käschte vun enger Bevëlkerung, déi ëmmer méi al gëtt, entgéint ze kommen. Et mussen also Moossname geholl ginn, fir den Aarbechts- a Produktmaart ze reforméieren. Dëst géif de Wuesstem kreéieren, dee gebraucht gëtt, fir d'Scholden ze reduzéieren.

Foto: © AFP - Finanziellen Distrikt, Frankfurt

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn