Authors: news352
Thursday, 01 January 1970 02:00
Dem Fränk Schleck geet et gutt no Schëller-OP
- font size decrease font size increase font size
De Fränk Schleck gouf um Donneschdeg un der Schëller operéiert. Hien huet missen sech engem chirurgeschen Agrëff ënnerzéien, bei deem eng Plaque an di dozougehéierend Schrauwen erausgeholl goufen.
D'Plaque war him no sengem schwéiere Fall bei der Tour de France am vergaangene Joer agesat ginn. Den Ongléck hat zum dräifache Broch vu sengem Schlësselbeen geféiert.
Den
Angaben no ass d'Schëller-Operatioun gutt verlaf. Den 30-järege Profi däerf bis zum Sonndeg net am Training matmaachen. Am Uschloss wëll sech de Fränk wéi geplangt op d'Mallorca-Challenge virbereeden, déi vum 6. bis 10. Februar op der Balearen-Insel stattfanne wäert.
Envoyer cet article par email
Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
Read 31578 times
Like this? Tweet it to your followers!
Published in
Informations Luxembourg et Grande Région
More in this category:
« Shooting sexy Scarlett Johansson adore les bulles
De Gilles Muller verléiert 2. Ronn »