Saturday 09 August 2025
Font Size
   
Noemi concept Département Edition et Rédaction

An enger Serie vu Razzien zu New York goufen iwwer 100 verdächtegt Mafiosi festgeholl, huet de Justizspriecher Eric Holder matgedeelt. D'Virwërf ëmfaassen ënner anerem Mord, Drogenhandel, Abroch, Erpressung, Fuerderung vu Schutzgeld, Déifstall an illegal Glécksspiller.

Iwwer 800 Beamte wieren am Asaz gewiescht an hätten insgesamt 127 Verdächteger festgeholl. Dorënner wier de Clanchef gewiescht. All di grouss 'Fënnef Famillen' vun der New Yorker Mafia wiere betraff.

Thursday, 01 January 1970 02:00

Läich vu vermësste Fra an der Musel fonnt

Wéi d'Police matgedeelt huet war d'Marcelle Steinmetz-Jungers aus Ohn lescht Woch um Donneschdeg als vermësst gemellt. Den Angaben no war di 78-järeg Fra net verwirrt a konnt nach gutt goen.

Um Mëttwochnomëtten gouf si doud vun der Musel tëscht Gréiwemaacher a Machthum op der Héicht vun der 'Deisermillen' gebuergen. Di genau Ëmstänn vum Doud sinn nach onkloer.

Page 6104 of 6128
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn