Thursday 07 August 2025
Font Size
   
Noemi concept Département Edition et Rédaction
Thursday, 01 January 1970 02:00

De Kim Kirchen fir Team Leopard Trek?

De Fränk an Andy Schleck hu gesot, datt si un de Kirchen geduecht hunn. 'Mir sinn eng Lëtzebuerger Equipe, an et ass kee Geheimnis datt mir staark Vëlosfuerer wéi de Kirchen am Ae hunn', sot de Fränk Schleck am Trainingslager zu Mallorca.

Den 32-järege Kirchen huet lescht Joer während der Tour de Suisse a sengem Hotelszëmmer un engem Häerzinfarkt gelidden. Hie gouf während e puer Deeg an en artifizielle Koma versat an huet Enn 2010 säi Kontrakt mat der Equipe Katusha ofgebrach.

De Gilles Muller schéngt op Erfollegswee ze sinn. Hien huet um Dënschdeg als Favorit géint de Simon Stadler aus Däitschland mat 3:0 gewonnen a kënnt domadder an di zweet Haaptronn.

Allerdéngs ass den Tournoi fir d'Anne Kremer, nodeems et géint d'Rumänin Simona Halep 1:2 verluer huet, eriwwer.

Page 6123 of 6128
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn