Noemi concept Département Edition et Rédaction (12255)
Lëtzebuerger Kanabis-Dokter am Viséier
E Mëttwoch hunn Ermëttler vun der Police judiciaire, sou wéi en zoustännege Riichter an e Procureur vum Parquet Dikrech d'Praxis vun engem Dokter, deen am Norde praktizéiert, ënnersicht. Hie steet ënner Verdacht Medikamenter op Basis vu Kanabis u seng Patiente verschriwwen ze hunn.
Dës Handlung steet awer am Widdersproch zu legale Virschrëfte vum Betäubungsmëttelgesetz. Dësem Gesetz no, ass et engem Dokter a kengem Fall erlaabt, bestëmmte Medikamenter vun dësem Typ ze verschreiwen an d'Situatioun vum
Wien huet zu Wolz säi Buggy stoe gelooss?
Wéi d'Police matgedeelt huet, hunn e puer Beamte vum Centre d'Intervention vu Wolz en Dënschden e Buggy, onwäit vum Sträitdenkmal an der Rue du Chateau fonnt. Am Buggy vun der Mark Chicco sinn och nach e puer Spillsaachen entdeckt.
Wien deemno elo e klengen Däbbes Doheem setzen huet, dee verzweiwelt no senge Spillsaache verlaangert, sollt sech am beschten direkt bei der Police vu Wolz, ënnert der Nummer 2441 9500 mellen.







