Juncker wëll d'Aarbecht zum Schutz vum Euro beschleunegen
D'Euro-Länner wëllen an de kommende Woche schnell weider Schrëtter zum Schutz vun hirer Währung entwéckelen. "Mir wëllen eis Aarbecht beschleunegen" fir gläich eng "ëmfaassend Äntwert" op d'Euro-Kris ze ginn, sot den Euro-Gruppechef a Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker um Méindegowend no enger Euro-Grupp Sëtzung zu Bréissel.
Um Rand vun der Sëtzung sinn d'Ministere vun de Länner zu engem
Zeienopruff: Brandstëftung Badeanstalt zu Stroossen
No enger versichter Brandstëftung an der Badeanstalt "Thermes" zu Stroossen um Sonndeg 16. Januar 2011 gëtt no deenen Zeie gesicht, déi d'Feier beim Schwammmeeschter gemellt hunn.
Bei den Zeien handelt et sech ëm eng Grupp vun dräi Jongen am Alter vun 15-16 Joer an eng Grupp vu Meedercher am Alter vun 12-15 Joer.
D'Zeie solle sech bei der Dengschtstell CI Capellen ënner der Telefonsnummer 4997-3500 mellen.