Authors: news352
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00
US-Kongress approuvéiert Hëllefsprogramm fir 9/11 Rettungsaarbechter
- font size decrease font size increase font size
- Imprimer
De Senat an de Repräsentantenhaus hunn engem Kompromëss zougestëmmt, dee vun zwee demokratesche Senateuren ausgeschafft gouf. Deemno stinn fir den Hëllefsprogramm am nächste Joer 4 Milliarden Dollar (3 Milliarden Euro) fir di medizinesch Versuergung vu Polizisten, Pompjeeën a fräiwëllegen Déngschter zur Verfügung. Et gëtt och d'Finanzéierung vun engem Entschiedegungsfong bis 2016 assuréiert.
Beim Zesummefall vum World
Trade Center zu New York ware ronn 70.000 Persounen engem gëftege Stëbs ausgesat. Et si vill Asatzkräften do erkrankt oder si spéider un Erkrankunge wéi Kriibs gestuerwen. Bei den Terroruschléi vum 11. September ware ronn 3.000 Mënschen ëm d'Liewe komm.
Envoyer cet article par email
Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
Read 11013 times
Like this? Tweet it to your followers!
Published in
Informations Luxembourg et Grande Région