Sunday 02 June 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 February 2010 00:00

Mandy Minella trëfft elo op d'Venus Williams

D'Mandy Minella steet den Ament op der 185. Plaz op der Weltranglëscht a konnt sech, nom Spill e Mëttwoch géint d'Bulgarin Tsvetana Pironkova an zwee Sätz, fir d'Spill géint Venus Williams qualifizéieren.

D'Bulgarin huet 6-4 an 6-0 géint Minella verluer, dat hei säin Optakt an engem Grand Slam Turnéier feiere kann. Nach méi Grond sech op dësen Tennismatch ze freeën, beweist de Match Pironkova géint Williams. D'Pironkova huet nämlech an zwee vun dräi Spiller géint hir staark

Géignerin gewonnen, mat donieft nach enger Victoire an der Wimbledon-Véirelsfinale am Juni.

Den Alexandrew Lisiecki, techneschen Direkter vun der lëtzebuerger Tennisfédératioun, huet am Gespréich mat news352.lu erkläert: “D'Spill e Mëttwoch war e super Match fir d'Mandy. Mir sinn houfreg, dass hatt elo e Freide géint d'Venus Williams untrëtt”.

“Et ass nëmmen ee Joer hier, dass hatt weise konnt, dass seng Fäegkeeten iwwert seng Klassifizéierung  erausginn. Hatt hat vill Matcher an där Zäit gewonnen. Mir sinn och net wierklech iwwerrascht, dass hatt sou wäit komm ass, och wann et sech elo ëm eng ganz nei Etapp a senger Carrière handelt,” sou de Lisiecki.

“Ech denke net, dass hatt Angscht virum Venus Williams huet. Hatt ass dynamesch an huet u sech näischt ze fäerten. Ech gleewen hatt brauch héchstens e bësse besuergt ze sinn, dass d'Venus an hirer Heemecht spillt. Dat ka nämlech e psychologeschen Nieweneffekt mat sech bréngen,awer dat ass och schonn alles”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn