Samedi 18 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Iwwer 200 Doudeger no heftegem Reen a Brasilien

Heftegen tropesche Reen huet zu schwéieren Iwwerschwemmungen a Schlammlawinnen, déi an d'Dierfer gerutscht sinn, geféiert.

Wéi de Sender GloboNews bericht huet, waren alleng an der Stad Nova Friburgo, eng 140 Kilometer nördlech vu Rio de Janeiro 97 Doudesaffer gezielt ginn. Deemno sinn zu Teresopolis mindestens 122 Leit, zu Petropolis 18 gestuerwen. Do kéint d'Zuel vun den Doudeger awer nach op ronn 40 klammen.

An der Metropol São Paulo waren um Dënschdeg duerch de Reen an uschléissenden Äerdrutschen schon 13 Mënschen ëm d'Liewe komm. D'Regierung huet eng 420 Milliounen Dollar (324 Milliounen Euro) als Direkthëllef zur Verfügung gestallt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn