Samedi 27 Avril 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

98,42€/Mount CNS-Kotisatioune fir verschidden Universitéitsstudenten

Hei eng Moossnam iwwer déi iwwerhaapt net ëffentlech diskutéiert gouf: Dem RTL no wäerte verschidde Studenten aus der drëtter Welt vun elo un bal 99 Euro pro Mount un d'CNS bezuele mussen.

98,42 Euro, eng zimlech héich Zomm fir Studenten déi schon net vill Suen hunn. Dëst Moossnam steet an der neier Gesondheetsreform an ass haaptsächlech fir auslännesch Studente geduecht. Dem RTL no si ronn 200 Studente betraff.

Dem

Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo no gouf d'Decisioun net vu Lëtzebuerg geholl mä soll mam europäeschen Droit iwwerteneestëmmen. Dat fréiert Schema, wou d'Regierung d'Käschten vun alle Studenten iwwerholl huet, 'géif néierens an Europa existéieren', huet hien zu News352.lu gesot. 'Mir adoptéieren den europäesche Standard', sot de Bartolomeo. Komescherweis kréien d'Studenten an England, egal wouhier se kommen, d'Käschten vun der Sécurité sociale vum Staat bezuelt.

An engem Communiqué vum Educatiounsministere soll eng Reunioun tëscht dem Ministre de l'Enseignement supérieur et de la Recherche, den Autoritéite vun der Sécurité sociale, der Uni Lëtzebuerg, an dem Studenteveräin vun der Uni Lëtzebuerg (LUS) stattfannen. D'Zill wier, eng Léisung dozou ze fannen.

De President vum Studenteveräin Gilberto Fernandes huet d'Moossnam als 'Diskriminatioun' bezeechent.

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn