Dimanche 28 Avril 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Italienesch Affekoten erhéijen Drock géint de Berlusconi

Eng "bedeitend Zuel" vu jonke Fraen hätt sech géint Bezuelung fir de Berlusconi prostituéiert, sou e Bréif vun der Staatsanwaltschaft vun der Chambre des Députés zu Roum. Ausserdeem hätt hien eng jonk Fra gratis a sengem Luxusappartement zu Mailand wunne gelooss, fir datt si op d'Partyen a senger Villa zu Arcore komme kéinten.

Et ginn "zuelräich Beweiser" géint de Berlusconi, hunn d'Enquêteure

geschriwwen. Esou kéint och bewise ginn, datt eng jonk Marokkanerin, déi als mannerjäreg Prostituéierte "Ruby" bekannt ass, méimools op déi Partyen an der Villa komm ass, an dat tëscht Februar a Mee 2010. Dëst kéint iwwer Handy-Lokaliséierunge bewise ginn.

Am Bréif gëtt eng Duerchsichung vum Berlusconi-Vertrauten Giuseppe Spinelli sengem Bureau ugefrot, deen de Medieberichten no d'Frae bezuelt huet. D'Justiz huet um Freideg d'Enquête lancéiert. Dem Berlusconi gëtt Amtsmëssbrauch virgeworf. Hie soll seng Stellung genotzt hunn, fir Enn Mee vun der Police dem Ruby säi Fräiloossen ze fuerderen wou hatt wéinst Déifstall festgeholl gouf.

Eréischt um Donneschdeg hat dat italienescht Verfaassungsgeriicht en ëmstriddenen Immunitéitsgesetz deelweis opgehuewen, wat de Regierungschef a seng Ministeren viru Strofermëttlunge geschützt huet.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn