Dimanche 28 Avril 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Apple-Chef mécht eng Paus, Aktien falen ëm 8%

Um Méindeg huet de 55-järege Steve Jobs annoncéiert, hie géif sech eng Auszäit huelen, fir sech op seng Gesondheet ze konzentréieren. Insgesamt ass et schon di drëtt Kéier wou den Apple-Boss krankheetsbedéngt zäitleefeg eng Paus mécht. Während senger Paus 2009 hat hien eng Liewertransplantatioun kritt. 2004 war hie wéinst Bauchspeicheldrüsenkriibs operéiert ginn.

No dëser Annonce ass den Aktienkurs vum IT-Hiersteller op der Bourse zu Frankfurt am Main

schaarf gefall, an dat ëm iwwer 8%. Domat ass d'Reaktioun nach méi hefteg wéi a senger leschter Paus am Joer 2009. Deemools war den Aktienkurs vun Apple an enger kuerzer Zäit ëm ongeféier 6% gefall.

"Ech fueren als Chef weider an a wichtege strategeschen Entscheedunge fir de Konzern", huet de Jobs um Méindeg erklärt. Bis op weideres géif den Direkter Tim Cook seng Roll iwwerhuelen. Hien hat 2009 schon de Konzern-Chef vertrueden.

"Ech hunn Apple vill gär an ech hoffen, datt ech gläich erëm do sinn", huet de Jobs nach matgedeelt. Hien huet keng konkret Angaben zu sengem Gesondheetszoustand an zu der Längt vun der Paus gemaach. Hien huet am Plaz gefrot, datt ee seng Privatsphär a seng Famill respektéiert.

De Jobs gëllt als deen, deen Apple ab 1997 no enger 12-järeger Absence erëm op den Erfollegskurs bruecht huet. Ënner der Féierung vum Jobs goufen den iPhone, den iPod an den iPad ageféiert.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn