Lundi 03 Juin 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Gëfteg Puzzel-Matten zu Lëtzebuerg nach am Handel

Während d'Nopeschlänner Frankräich an d'Belsch déi beléift Puzzel-Teppecher schon aus dem Programm vu sämtleche Geschäfter geholl hunn, stinn d'Matten zu Lëtzebuerg nach ëmmer op de Regaler vun de Geschäfter.

Eng Etude vun der belscher Verbraucherschutz-Organisatioun Test-Achats vum Joer 2009 huet gewisen, datt d'Schaum-Teppecher dräi Wochen nom Kaf déi gëfteg Substanz Formamid fräiginn.

<p style="margin-bottom:
0.5cm;" class="western">Formamid ass e Léisungsmëttel, dee bei der Produktioun vun de Puzzel-Teppecher benotzt gëtt. D'Matten stellen virun allem eng Gefor fir kléng Kanner duer, well si de gëftege Formamid anootmen oder d'Chemikalien mat der Haut ophuelen.

Datt et d'Teppecher nach zu Lëtzebuerg ze kafe gëtt, hänkt vun de Richtlinnen vun der EU-Kommissioun of, huet ILNAS (Lëtzebuerger Institut fir Produktsécherheet a Maartiwwerwachung) matgedeelt. Soulaang et keng Angaben vun der EU-Kommissioun gëtt, kéint d'ILNAS näischt maachen.

Déi belsch Autoritéiten hunn e Bericht iwwer d'Tester vu 36 Puzzel-Teppecher vu verschiddene Hiersteller un d'EU-Kommissioun weidergeleet. D'Kommissioun muss entscheeden, wéi eng Puzzel-Teppech-Marken verbuede solle ginn. Dëst gëtt dann un all EU-Länner weidergeleet.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn