Wednesday 12 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Saudi-Arabien: Regierung lancéiert Enquête zu Meedercher-Sportstournoi

E private Meedercherslycée gëtt a Saudi-Arabien vum Educatiounsministere ënnersicht, well en 'illegal' Sportstournoien organiséiert huet, sou e Reportage vun der Noriichtenagence 'Arab News' um Dënschdeg. D'Meedercher hunn an engem Tournoi matgemaach, wou Basketball, Badminton, Schwammen an Athletik zu den Aktivitéite gezielt hunn.

Den Evenement, ëm deen et sech hei handelt, huet um 8. Dezember stattfonnt. Do haten 200 Meedercher aus sechs private Jeddah Lycéeën matgemaach an hunn dobäi

d'Regelen géint de Sport gebrach, sou e Regierungsspriecher zu Arab News.

'Den Tournoi gouf vun dëse Schoulen organiséiert. Dëst ass eppes, wat eis informéiert huet, datt si illegal Aktivitéiten ausféieren', sot den Al-Zahrani.

'Ech war iwwerrascht, e Bréif vum Educatiounsministere ze kréien, dee mech gefrot huet, firwat den Tournoi stattfonnt huet', sot d'Farida Farsi, Directrice vun engem Meedercherslycée, zu Arab News, 'Ech hunn immens vill Bréiwer an Uruffe vu konservative saudiarabesche Männer kritt. Si hu mir gesot, ech hätt misse besser wëssen an si hu gefuerdert, datt ech net méi esou Tournoien organiséieren well et net feminin ass'.

Saudi-Arabien gëtt no enger ultra-strikter Versioun vum Islam regéiert. Fraen däerfen just an e puer private Veräiner an Universitéite Sport maachen. A Primärschoulen a Lycéeën ass et verbueden. Fraen däerfe Foussballmatcher och net kucke goen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn