Wednesday 12 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Chinesesche Premier versprécht Ënnerstëtzung fir EU

'Ech sinn iwwerzeegt, datt e staarkt Europa onersetzlech ass... China wëll seng strategesch Verbindunge mat der europäescher Unioun fuerderen a stäerken', sot de Wen zum Parlament zu Athen, virun den Asien-Europa an EU-China Sommeten déi an der nächst stattfanne sollen.

Hie sot, datt China 'd'Stabilitéit vum Euro' ënnerstëtze wäert an datt Peking net 'd'Unzuel vun den europäeschen Obligatioune reduzéiere géif, déi een Deel

vun de chineseschen Devisenhandel-Reserve konstituéieren'. Hie géif Europa gären hëllefen, d'Scholdekris z'iwwerwannen. Seng Regierung huet déi gréisst Devisenhandel-Reserven an der Welt.

China ass an deene leschte Joren zum gréissten Handelspartner vun der Europäescher Unioun ginn, mä et si Problemer opkomm, well d'EU Schwieregkeeten huet fir sech um chinesesche Maart z'etabléieren. D'Politik vu Peking, d'Valeur vum Yuan (déi chinesesch Währung) déif ze halen fir Exporter an d'Luucht ze dreiwen, huet och zu Ausernanersetzunge geféiert.

'Ech hoffen, datt Europa de Protektionismus limitéiert an e favorabele Klima fir de géigesäitegen Handel creéiert', sot de Wen. Hien huet weider erklärt, datt di europäesch Exporter a China an der éischter Halschent vun 2010 ëm 42% geklomme sinn a se géifen 500 Milliarden Dollar (ongef. 380.000.000 EUR) um Enn vun dësem Joer erreechen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn