Wednesday 12 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Méi Detailer zu der Disparitioun vum François Thillman

Et gëtt verzweiwelt nom 28-järege François Thillman gesicht. Schon iwwer eng Woch zirkuléieren op Facebook an op aneren Internetplattformen Messagen déi no Zeien oder Informatiounen zu der Disparitioun vum jonke Mann froen. Seng Kollegen hunn och Plakater zu Paräis opgehaangen. Allerdéngs ass bis elo nach keen konkreten Hiweis zum Fall erauskomm.

D'Lëtzebuerger Konsulin zu Paräis, Sarah Anjo, huet an engem Gespréich mat AFP

d'Disparitioun ass 'äusserst beonrouegend' bezeechent. Si betount, datt de François net depressiv war: 'De François Thillman hat iwwerhaapt kee Grond fortzelafen oder sech d'Liewen ze huelen. Hie stoung kuerz virdrun, eng Aarbecht zu Berlin ze kréien. Hien ass op Paräis komm, fir säin Diplom ofzehuelen'.

De François Thillman ass an der Nuecht op e Samschdeg 11. Dezember géint 3 Auer Moies verschwonnen. Deen Owend hunn de François an zwee Kollegen eng Party (Adress: 13-15, avenue Jean-Jaurès) verlooss. Si wollten d'Reussite vun hirem Master Diplom feieren.

D'Kollegen wollten en Taxi huelen, mä de François war staark alkoholiséiert an hat nach keng Loscht, op Puteaux (Hauts-de-Seine) ze fueren, wou hie bei der Famill vu senger Frëndin gewunnt huet. De jonke Mann ass fortgelaf, obwuel seng Kollege versicht hunn, hien anzefänken.

'Wann hien drénkt, dann huet hien d'Tendenz, op Friemer zouzegoen', huet e laangjärege Kolleg zu der Noriichtenagence AFP gesot. De Papp, Romain Thillman, betount awer datt 'hie gären drénkt. Mä hien ass nach ni op dëser Art a Weis verschwonnen an hien ass ni fortgelaf'.

En Awunner vun der Avenue Paul-Vaillant-Couturier huet gesot, hien hätt de François géint 4 Auer Moies gesinn well hie bei him geschellt huet. Den Angaben no war säi Brëll futti an hien hat Blutt am Gesicht. Hie konnt sech och net richteg ausdrécken an huet just duerchaneegeschwat. Dëst ass di lescht Kéier, wou iergendeen vun him héieren huet.

Et gëtt gefaart, datt hien agresséiert gouf oder an engem Accident verwéckelt war. De François huet och keng Identifikatiounspabeieren dobäi well hie seng perséinlech Saachen bei der Famill vu senger Frëndin hannerlooss huet.

De François Thillman ass 1,70-1,75 Meter grouss, ass schlank gebaut, huet brong Hoer a brong Aen. Hien hat eng hell Jeansbox un, e schwaarz-wäisse Pullover mat enger Tirett, eng däischter Jackett, brong Liedersstiwwelen, e schwaarze Schal an e Brëll mat engem schwaarze Rumm.

All Informatioun ass ouni Verzögerung fir den 113.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn