Thursday 06 March 2025
Font Size
   
Wednesday, 01 December 2010 00:00

China kënnt mam Gelddrécken net méi no

D'Nofro no Buergeld wiisst den Angaben no ëm 20 Prozent pro Joer. Mä obwuel de Staat an den Dréckereien méi als 30.000 Leit beschäftegt an hinne speziell Leeschtunge fir d'Iwwerstonnen ubitt, geet et nach ëmmer net duer. D'Zentralbank géif dobäi nach géint raffinéiert Fälschunge kämpfen, sot de Ma.

A China waren den offiziellen Angaben no Enn November 4,23 Milliarden Yuan (494 Milliounen Euro) Buergeld am Ëmlaf – bal 80% méi

wéi di 2,4 Milliarden Yuan déi d'Zentralbank Enn 2005 gezielt huet.

De Grond fir déi wuessend Geldmenge sinn de massive Konjunkturprogramm vun der Regierung an de lockere Kreditvergab während der Finanzkrise. Dobäi kommen ëmmer méi Investissementer aus auslänneschen Entreprisen an di wuessend Nofro no chineseschen Exporter.

Di chinesesch Zentralbank tauscht friem Währungen, déi an d'Land kommen, zwangsleefeg an Yuan ëm fir datt de Staat di eege Währung besser kontrolléiere kann. Esou ginn d'Devisereserven an de Yuan-Ëmlaf an d'Luucht, wat d'Inflatioun dreift.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn