Monday 29 April 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

WikiLeaks: De Bradley Manning am Rampenlicht vum Assange bal vergiess

De Julian Assange, de charismatesche Grënner vu WikiLeaks, lieft den Ament am Herrenhaus um 240-Hektar groussen Terrain vun engem Ënnerstëtzer ausserhalb vu London, negociéiert Bicherkontrakter am Wäert vun $1,7 Milliounen, a léisst sech net vun der amerikanescher Regierung aschüchteren.

Allerdéngs sëtzt de jonken Zaldot, deen den Angaben no di kontrovers Geheimdokumenter der Internetplattform WikiLeaks zur Verfügung gestallt huet an

déi de Site berühmt gemaach hunn, alleng an enger klenger Prisongszell op der Quantico Marine Corps Base zu Virginia. Den 23-järege Bradley Mannung gëtt wéinst der gréisster Verëffentlechung vu Geheimdokumenter an der ganzer amerikanescher Geschicht beschëllegt. Der Arméi no riskéiert hien eng 52-järeg Prisongsstrof ze kréien.

E Fong dee fir d'Verteidegung vum jonken Amerikaner kreéiert gouf krut um Donneschdeg 15.000 Dollar als Ënnerstëtzung vu WikiLeaks. D'Firma betount awer, datt si net wëssen, ob de Manning fir d'Duerchsickeren vun den Informatioune responsabel ass. De Fong, dee bis elo 100.000 Dollar gesammelt huet, soll e faire Prozess assuréieren. Et fehlen eng weider 15.000 Dollar ëm eng 'staark Defense ze bauen', sou de Comitésmember Jeff Pateson.

De Manning, deen als Informatiounsanalyst am Irak geschafft huet, gouf am Mee 2010 festgeholl an op d'Base zu Virginia transferéiert. Et ass nach onkloer, wéini d'Gerichtsverfahren stattfanne wäert. Hie gëtt beschëllegt, Kriminal- a Militärgesetzer gebrach ze hunn andeems hien angeblech geheim Informatiounen un eng Drëttpersoun weiderginn huet.

Di amerikanesch Regierung huet nach wëlles, e Prozess géint den Assange ze starten. De Manning soll dobäi zentral sinn. Allerdéngs seet den Assange, datt hie virdrun nach ni vum Bradley Manning héieren hat, ier säin Numm an de Mediereportagen opgedaucht war.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn