Sunday 28 April 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Véier Golden Globes fir Facebook-Film

D'Golden Globes hunn um Weekend stattfonnt. Während "The Social Network" ofgeraumt huet, ass "The Tourist" ouni Präis heemgaangen. D'Präisverdeelung, déi all Joer vun der Auslandspress zu Hollywood organiséiert gëtt, gëllt als wichtegste Stëmmungsbarometer fir d'Oskar-Verleihung am Februar.

De Film "The Social Network", dee kritesch d'Kreatioun vum Internet-Netzwierk Facebook duerstellt, ass mat net manner wéi

véier Golden Globes ausgezeechent ginn. An de Kategorien beschte Film, bescht Dréibuch a bescht Filmmusek huet e gewonnen. Am ganze war "The Social Network" a sechs Kategorien nominéiert. Um éischte Weekend huet de Film an den amerikanesche Kinoen 22 Milliounen Dollar (16,5 Milliounen Euro) akasséiert.

D'Tophäe fir de beschten Haaptduersteller ass un de britesche Schauspiller Colin Firther fir seng Roll als stotternde Kinnek George VI am "The King's Speech'. De Film hat eigentlech am ganze 7 Nominéierunge kritt mä huet schlussendlech just ee Präis gewonnen.

Als Haaptduerstellerin gouf d'Natalie Portman fir säin Optrëtt am Ballet-Thriller "Black Swan" geéiert. De Christian Bale huet de Präis fir di bescht Nieweroll am Boxer-Drama "The Fighter" kritt. Di bescht weiblech Nieweroll ass un di 50-järeg Schauspillerin Melissa Leo gaangen fir d'Roll als Mamm vun deenen zwee Boxeren am "The Fighter".

"The Tourist", den Hollywood-Debut vum däitsche Regisseur Florian Henckel vun Donnersmarck ass … obwuel säi Film mat dräi Nominéierungen beduecht gi war.

Als beschten auslännesche Film gouf den dänesche Film "In A Better World" geéiert. "Toy Story 3" huet als beschten animéierte Film och e Golden Globe gewonnen.

Fir säi Liewenswierk huet de Robert De Niro ("Taxi Driver", "Once Upon a Time in America") d'Cecil B Demille-Trophäe.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn