Sunday 28 April 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Haiti: Ex-Diktator Baby Doc kënnt heem

No 25 Joer Exil, deen hie gréisstendeels a Frankräich verbruecht huet, ass den Duvalier op Haiti zeréckkomm. Zu de Medien um Fluchhafen sot hien einfach: "Ech si komm fir ze hëllefen".

Dat plëtzlecht Opdauchen vum 59-järegen Duvalier mécht di politesch Situatioun vun Haiti nach méi konfus. D'Efforten, e Successeur vum President René Preval ze fannen, ware jo gescheitert.

Di

fréier 28-järeg Duvalier Regierung gëtt vu villen Haitianer als repressiv bezeechent. Si erënnere sech nach un di skrupellos Geheimpolice, déi sougenannt Tonton Macoutes, déi Terror an der Bevëlkerung verbreet hunn. D'Regierung vun der Duvalier Famill huet och Oppositiounsparteien an Dissidenten ënnerdréckt, Gesetzer selwer validéiert, an ëffentlech Finanzen an di eegen Täsch gestach. 1986 huet e massiven Opstand zum Récktrëtt vum Baby Doc geféiert.

De Premier Jean-Max Bellerive huet zu AFP gesot, datt den Duvalier "en Haitianer ass a fräi ass, heemzekommen". Hien huet net gesot, ob e Prozess géint den Ex-Diktator geplangt ass.

De Jean-Claude Duvalier gëtt Baby Doc genannt, well säi Papp en Dokter war an de Spëtznumm Papa Doc hat. De Jean-Claude hat d'Regierung mat 19 Joer vu sengem Papp iwwerholl.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn