Monday 29 April 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Spuenesche Geriicht: Ryanair soll Boarding-Kaart Geldstrof fale loossen

No enger Uklo vun engem Passagéier, huet e spuenescht Geriicht zu Barcelona décidéiert, datt eng 'Geldstrof' fir d'Ausstellen vun enger Boarding-Kaart, déi een net selwer erausgeprint oder vergiess huet, inakzeptabel ass. Ryanair verlaangt nodréiglech fir eng am Fluchhafen ausgestallt Boarding-Kaart 40 Euro.

Normalerweis soll d'Fluchgesellschaft d'Kaart ouni zousätzlech Käschten zur Verfügung stellen. De Medieberichten no huet d'Barbara Cordoba

erklärt, datt dëst Praxis vum Ryanair onfair géigeniwwer dem Client ass. Eng Geldstrof vun 40 Euro wier also onzoulässeg.

Allerdéngs mengt de Ryanair-Spriecher Daniel de Carvalho dozou: "D'Geriicht läit falsch. D'Boarding-Pass ze vergiessen ass vergläichbar mat engem vergiessene Pass. Et brauch een eng Boarding-Kaart fir ze fléien. Wann een als Client ouni Boarding-Kaart ukënnt, dann hëllefe mir op der Plaz bei der Léisung vum Probleem. Dofir froe mer 40 Euro...Wann di 40 Euro a Problem ass dann stelle mer den Zerwiss an. De Client kann dann awer net fléien".

Ryanair huet géint den Uerteel Asproch erhuewen. Anerersäits muss d'Decisioun fir d'éischt vum Europäesche Geriichtshaff validéiert ginn, ier en an Irland Gültegkeet huet.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn