Sunday 28 April 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

D'Studentenorganisatioune wëllen nei Moossnam ofschafen

No der Gesondheetsreform huet Artikel 32 vum 'Code de la sécurité sociale' d'Konsequenz, datt verschidde Studente wéi Employeuren behandelt ginn andeems si 98,42 Euro pro Mount un d'CNS bezuele mussen. Betraff sinn haaptsächlech Studenten aus der Drëtter Welt an déi, déi net aneschters assuréiert sinn.

Den Alexandre Biagui Nadialine, President vum Comité vun den afrikanesche Studenten zu Lëtzebuerg (CEAL), huet gesot, datt d'Moossnam

einfach 'onvirstellbar' ass. 'D'Art a Weis wéi d'Regierung et gemaach huet, an ouni di betraffe Studenten ze konsultéieren, ass inakzeptabel'. Dobäi kéim nach, datt d'Inscriptiounsfraisen sech verduebelt hunn, wat di finanziell Laascht nach méi grouss mécht.

D'Pressespriecherin vun der Uni Lëtzebuerg, Schlüter, huet sech och geäussert: 'Mir sinn iwwerrascht. D'Studente sinn net frou. Natierlech mécht dat Problemer'. D'Uni hätt d'Autoritéite vun der Sécurité sociale kontaktéiert a géif haaptsächlech kucken, ob d'Assurance sociale an anere Länner manner kaschte géif.

D'Union Nationale des Etudiants du Luxembourg (UNEL) condamnéiert och dëse Schrëtt. Di verschidde Studentenorganisatiounen zu Lëtzebuerg géifen den Ament zesummeschaffen, fir eng Léisung ze fannen. 'Dëst weist d'Determinatioun vun de Studente weisen, fir dëst Moossnam esou schnell wéi méiglech ofzeschafen', sot de President Nico Fehlen.

Den Angaben no sinn eng 200 Studente betraff a wäerten ouni Warnung plëtzlech bal 100 € pro Mount matzen am Schouljoer bezuele mussen. D'Studenten aus Famille mat engem niddregen Akommes si besonnesch schlecht drun. Mat deenen erhéichte Studiegebühren a mat der Bourse-Reform leide si am meeschten ënner deenen neie Moossnamen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn