Sunday 28 April 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Juncker wëll d'Aarbecht zum Schutz vum Euro beschleunegen

D'Euro-Länner wëllen an de kommende Woche schnell weider Schrëtter zum Schutz vun hirer Währung entwéckelen. "Mir wëllen eis Aarbecht beschleunegen" fir gläich eng "ëmfaassend Äntwert" op d'Euro-Kris ze ginn, sot den Euro-Gruppechef a Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker um Méindegowend no enger Euro-Grupp Sëtzung zu Bréissel.

Um Rand vun der Sëtzung sinn d'Ministere vun de Länner zu engem

Gespréich zesummekomm, déi als besonnesch kreditwürdeg bewäert sinn. Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Holland, Éisträich a Finnland ware sech eeneg, datt eng Haushaltskonsolidéierung a wirtschaftlech Reforme méi wichteg sinn, wéi weider Milliardepäck.

Et gouf ënner anerem iwwert eng Verbesserung a Verstärkung vum Euro-Rettungsfong geschwat. Den Undeel vun den Euro-Länner géif bei 440 Milliarden Euro leien, mä net déi wierklech verfügbar Zomm. Fir déi op de Mäert opgeholl Hëllefkrediter ee méiglechst geréngen Zënssaz ze bezuelen mussen Deeler vun de 440 Milliarden als Sécherheet hannerluecht ginn.

De Medieberichter no gëtt e Modell diskutéiert, no deem haaptsächlech nëmmen nach Staaten mat enger staarker Stellung um Kapitalmaart, engem sougenannten AAA-Rating, fir de Fong biergen.

Foto © AFP - Juncker an EZB-Chef Trichet

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn