Wednesday 01 May 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

De Kim Kirchen fir Team Leopard Trek?

De Fränk an Andy Schleck hu gesot, datt si un de Kirchen geduecht hunn. 'Mir sinn eng Lëtzebuerger Equipe, an et ass kee Geheimnis datt mir staark Vëlosfuerer wéi de Kirchen am Ae hunn', sot de Fränk Schleck am Trainingslager zu Mallorca.

Den 32-järege Kirchen huet lescht Joer während der Tour de Suisse a sengem Hotelszëmmer un engem Häerzinfarkt gelidden. Hie gouf während e puer Deeg an en artifizielle Koma versat an huet Enn 2010 säi Kontrakt mat der Equipe Katusha ofgebrach.

Hien huet zënterhier a kenger Course matgemaach an huet kee Kontrakt fir 2011. 'De Kim muss fir d'éischt erausfannen, wat geschitt ass. Et ass méi wichteg ze wëssen, datt hie fir sech selwer a fir seng Famill suergt', sou de Fränk Schleck.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn