Wednesday 01 May 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

London School of Economics: Schéi Leit si méi gescheit

Der Etude no, déi am Journal 'Intelligence' publizéiert gouf, leien attraktiv Frae 11,4 Punkten iwwer dem IQ-Duerchschnëtt, a bei schéine Männer sinn et esouguer 13,6 méi. Domadder gëllt de Cliché vun iwwerflächleche Schéinheeten also net méi.

Schauspillerin Natalie Portman gëtt oft als perfekt Beispill vu 'Beauty & Brains' geholl. D'Natalie huet e Psychologiediplom vun der Elite-Uni Harvard a kann 5 Sproochen. Hatt

gëllt och als eng vun deene schéinste Fraen zu Hollywood.

Fir d'Etude goufen 32.000 Amerikaner an iwwer 17.000 Englänner un hirer Intelligenz an Ausgesinn bewäert. De Satoshi Kanazawa vun der London School of Economics huet erklärt, datt erfollegräich, intelligent Männer op Fraen immens unzéiend wierken. Dofir bestuede se sech och gréisstendeels mat schéine Fraen. D'Kanner vun esou Koppele kréien dobäi anscheinend net nëmmen d'Schéinheet vun hiren Eltere mat, mä och d'Intelligenz.

'Datt schéi Mënschen och gläichzäiteg méi intelligent sinn, ass eng reng wëssenschaftlech Konklusioun. Dëst ass awer kee Guide, wéi een e Mënsch behandelen oder beuerteele soll', sot de Kanazawa.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn