Friday 29 March 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Huet den Aarbechtsminister eng Polizistin menacéiert?

An enger parlamentarescher Fro huet den DP Députéierte Xaviere Bettel geschriwwen: 'Huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit massiv Drock op eng Polizistin Drock gemaach?

Um Sonndeg 12. Dezember ass dem Nicolas Schmit säi Jong mat zwee anere Leit am Auto ugehale ginn. Hien hat keng Carte verte dobäi. Domadder huet d'Diskussioun tëscht dem Jong an der Police ugefaangen. Hie gëtt wéinst Amtsbeleidegung beschëllegt. Den Angaben no huet hien 'vous

êtes tout petit dans la tête', 'demain, vous n'aurez plus de travail' an 'vous n'avez pas les couilles de faire votre travail comme il faut' gesot.

D'Police huet de jonke Mann invitéiert, e puer Deeg op d'Statioun ze kommen fir e Rapport ze maachen. Hie koum mam Papp obwuel e scho groussjäreg ass. Dem Rapport no huet den Nicolas Schmit sech geiergert an huet gesot, hie géif als Aarbechtsminister dofir suergen, 'datt Dir ni méi ee Mann bäikritt'. Hie géif also assuréieren, datt d'Police keen neie Personal méi kritt.

D'Plainte géint säi Jong gouf net zeréckgezunn. D'Police huet esouguer de Rapport un den Inneministere weiderginn.

An engem Communiqué huet den Nicolas Schmit geschriwwen, hien hätt keen Drock op d'Polizistin gemaach. Hien hätt just d'Fro gestallt, ob et d'Police esou vill Zäit an Investissement wäert ass.

Foto © Steve Eastwood

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn