Thursday 16 May 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

EU-Kommissioun: 524 Kilo Offall pro Haushalt ass zevill

Der EU-Kommissioun no kann Europa eng 'Recycléierung-Gesellschaft' ginn andeems d'Produktioun vun den Offäll an d'Veraarbechtung vun den Offäll verbessert gëtt. D'Produktioun huet sech deemno stabiliséiert, mä si bleift héich. Mat 524 Kilo Offall pro Persoun, pro Joer, mengt d'EU-Kommissioun datt d'Membere méi maache kënnen, fir dëst Zuel ze reduzéieren.

D'Haushälter verschwenden all Joer jeeweils 833 Euro. Ee

Véierel vum Iessen, dee vum Haushalt kaf gëtt, gëtt ewechgehäit. D'Komissioun mengt, datt eng Reduktioun vu 60 Prozent vun dëser Verschwendung en Erspuernis vu 500 pro Joer erméiglecht.

'Handyen hunn Golf, Platinum, Palladium a Koffer dran, Matièren déi an Europa fehlen. Dat sinn net Offäll fir ewechzegeheien oder ze verbrennen, dat si Ressourcen an deemno musse mir se respektéieren', huet de Kommissär fir d'Ëmwelt Janez Poto?nik erklärt.

En Zill vun der Europa 2010 Strategie ass d'Ressourcen optimal ze verwäerten. 'Et geet net nëmmen drëms, fir den negativen Impakt op d'Ëmwelt an Treibhausgaser ze reduzéieren, mä och ëm d'Kreatioun vun Aarbechtsplazen', huet de Kommissär betount, 'Alleng am Secteur vun der Recycléierung vun Offäll kann een op eng hallef Millioun vu Plazen hoffen'.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn