Thursday 16 May 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 February 2010 00:00

Waarm Molzecht fir verschotte Kumpel

Nieft der waarmer Molzecht, soll dofir gesuergt ginn, dann déi Veschotten eppes wéi en Alldag an hirem Prisong ënnert dem Buedem sollen erliewen. D'Rettungsleit wëllen, den Donnéeë vum Gesondheetsminister Jaime Mañalich no, mat Hëllef vu Luuchten d'Dages- a Nuetsverhältnisser simuléieren. 

Fir dass d'Biergaarbechter erëm e Gefill fir den Dag an d'Nuecht kréie sollen, soll op urode vun de véier NASA-Experten op der Plaz, Luuchten an d'Gold- a Kofferminn um Bord Copiapo an der Atacama-Wüst

am Norde vum Chile erofgelooss ginn. “Dat wichtegst, wat een aus psychologescher Siicht maache kann, ass den Dag an d'Nuecht ze simuléieren an d'Plaz, op där si elo gezwonge sinn ze liewen, a Zonen anzedeelen”, sou de Jaime Mañalich.

Fir déi verschotte Kumpel fänkt all Dag fréi um 7.30 Auer un. Nom Kaffi mat Sandwichen a Joghurt raume si, ier si iwwert eng Spriechanlag medezinesch berode ginn an iwwert de Niveau vun de Rettungsaarbechten informéiert ginn. Nom Mëttegiesse sti Gruppendiskussiounen um Programm an dann ass et Zäit fir Post. Owendiesse gëtt et um 20.00 Auer a Schlofzäit ass tëscht 22.000 an 23.00 Auer.

Ma donieft sinn och Gebieder a Sport um Dagesprogramm virgesinn. Virun allem mat Entspanungs- a Kraaftübunge musse sech d'Biergaarbechter op hir Rettung preparéieren, sou de leedende Psycholog Alberto Iturra. Si sollen an enger Gondel duerch en, den Ament nach an der Aarbecht befannende Rettungstunnel, erëm un d'Dagesliicht bruecht ginn. Dëse Wee duerch den Tunnel dauert gäre bis zu zwou Stonne pro Persoun.

D'Autoritéiten hunn och ugefaang, déi agespaarte Männer géint Tetanus, Diphteri, d'Gripp a Longenentzündung ze impfen, fir sou Krankheeten ze verhënneren. Engem Krankebericht no, hu fënnef vun hinne Verdauungsproblemer, e puer leiden ënner Schlofproblemer.Wëll sech och Pilzinfektiounen an der fiicht waarmer Rettungskammer breet mécht, sinn d'Biergaarbechter 300 Meter méi déif geplënnert.

Zu der op 700 Meter geleeëner Rettungskammer gëtt zanter e Méinden un engem neien Tunnel gebuert, iwwert deen d0Kumpel nach viru Chrëschtdag un d'Dagesliicht komme sollen. E risege Bagger huet sech bis elo op eng Déift vun 30 Meter virgekämpft. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn