Thursday 16 May 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 February 2010 00:00

Auto kritt Päerd ze paken

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et op der Streck tëscht Iechternach a Manertchen zu engem Accident mat engem Auto an engem Päerd komm. Eng Automobilistin war e Mëttwochowend géint 21.00 Auer a Richtung Manertchen ënnerwee, wéi hir op der Héicht vun der Kräizung fir op Osweiler véier Päerd virun den Auto gelaf sinn.

D'Fra konnt net méi mat Zäite bremsen, an et ass zum Zesummestouss mat engem vun de Päerd komm. Ob dem schwaarz/wäisse Päerd e Leed geschitt ass, ass net gewosst, ma den

Auto ass um Kotfligel an un der Motohauf schwéier beschiedegt ginn.

Déi vun der Weed ausgebéchste Päerd, konnten ouni weider Problemer erëm agefaange ginn, an zeréck op d'Wiss gestallt ginn. Op der Plaz war d'Police vum CI Iechternach. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn