Wednesday 12 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Wetten, dass...? Kandidat bleift liewenslaang gelähmt

Dem Student seng Äerm a Been si paralyséiert. Dëst gouf um Méindeg vum Schwäizer Institut vun Nottwil annoncéiert. 'Hie wäert ni méi normal goe kënnen', huet de Chef-Mediziner erklärt. Den 23-järege Student géif an engem stabilen Zoustand sinn, mä géif sech an der Intensivstatioun befannen. Et kéinte sech nach Komplikatioune produzéieren.

De Koch war um Samschdeg vun Düsseldorf op Nottwil

transportéiert ginn. D'Famill vum Blesséierten, déi nobäi der Schwäizer Grenz wunnt, huet den Transfert ugefrot.

Den Accidentéierten huet um 4. Dezember an enger Emissioun vun der beléiften ZDF Show 'Wetten, dass...?', deen et scho säit 29 Joer gëtt, matgemaach. Hien hat an engem geféierleche Stunt versicht, mat Sprongfiederen en Auto z'iwwersprangen, mä hien ass mam Kapp um haarde Buedem opkomm.

Hien huet un enger schwéierer Wirbelsail-Blessure gelidden. Hie gouf noutoperéiert an doropshin an en artifizielle Koma gesat. Beim Opwächen ass festgestallt ginn, datt seng Äerm a Been paralyséiert sinn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn