Wednesday 12 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Assange gräift Visa, Mastercard a Paypal un

'Mir wëssen elo, datt Visa, Mastercard a Paypal Instrumenter vun der US-Aussepolitik sinn', huet de WikiLeaks Grënner an enger Matdeelung u seng Mamm erklärt, déi am australesche Fernsehen virgelies gouf.

WikiLeaks huet Enn November mat der Verëffentlechung vun zuelräiche Geheimdokumenter vun de US-Diplomatie ugefangen. D'US-Regierung bedrot den Assange mat juristeschen Ermëttlungen. Visa, Paypal a Mastercard hunn an der leschter Woch

d'Zuelungsméiglechkeeten u WikiLeaks agestallt.

Den Assange, deen den Ament zu London inhaftéiert ass, huet a senger Matdeelung erklärt, hie géif u sengen Iwwerzeegungen an Ideale festhalen. 'D'Entwécklungen hu meng Determinatioun gestäerkt an hu mir gewisen, datt meng Iwwerzeegunge richteg sinn', sot den 39-järegen Australier.

Seng Mamm, d'Christine Assange, ass op London gereest, fir hirem Jong Ënnerstëtzung ze leeschten. 'Als Mamm fuerderen ech d'Welt op, mäi couragéierte Jong z'ënnerstëtzen', sot si zum Sender Channel 7.

Den Julian Assange sëtzt säit enger Woch an Haft a muss um Dënschdeg fir d'Zweet viru Geriicht erschéngen. Seng Affekote wëllen säi Fräiloossen op Kautioun erreechen. Schweden fuerdert d'Extraditioun vum Australier, dee wéinst Sexualverbriechen beschëllegt gëtt. Den Assange huet d'Virwërf awer staark ofgestridden.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn