Sunday 16 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Tschernobyl-Katastrofenzone als Touristendestinatioun?

Um Méindeg huet d'Ukraine annoncéiert, datt si wëlles hunn, 2011 d'Plaz vun der gréissten Nuklearkatastrof vun der Welt offiziell fir Touristen opzemaachen.

Eng limitéiert Zuel vu Visiteuren ass schon op d'30-Kilometer-Exklusiounszone ronderëm den Tschernobyl-Kraftwerk zougelooss ginn. Déi ukrainesch Regierung huet en detailléierte Plang presentéiert, an deem déi restlech Restriktiounen am Bezuch zum Zougang zu der Zone opgehuewe solle ginn.

Den

Tschernobyl-Kraftwerk war am Abrëll 1986 explodéiert an ofgebrannt. Dobäi sinn 32 Aarbechter ëm d'Liewe komm. Déi International Atomenergie-Agence estiméiert, datt insgesamt eng 4.000 Mënschen duerch Kriibse-Krankheeten, déi sech duerch d'Ausstrahlung vu radioaktive Materialer entwéckelt hunn, ëm d'Liewe komme wäerten.

D'Hannergrond-Strahlung an der Accident-Zone befënnt sech nach ëmmer däitlech iwwer dem normale Niveau. Mä am Plaz en Ödland ze ginn, huet sech d'Déieren- a Planzewelt erëm ausgebreet. D'Natur fänkt un, d'Géigend ronderëm d'Katastrophegebitt, dorënner d'Geeschterstad Pripyat, ze reklaméieren.

Den Ament däerfen d'Guidë vun der 'Autoritéit vun der Chernobyl Zone' 20-30 Visiteuren pro Dag während dem Summer op Excursioune féieren. D'Guidë moossen den Niveau vun der Ausstrahlung a jugéieren, wou d'Leit däerfen higoen.

Fotoen: © AFP - E Guide hält e Geiger-Moossgerät an d'Luucht, deen e Strahlungsniveau 37-mol méi héich wéi normal indiquéiert.p { margin-bottom: 0.21cm; }

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn