Sunday 16 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Gréng Luucht fir d'Gesondheetsreform

Knapp dräi Wochen sinn et zënterhier datt d'Dokteren an Zänndokteren vu Lëtzebuerg hire Streik ofgeschloss hunn. Um Dënschdegnomëtten goufen déi nei Ännerungen an der Chamber gestëmmt.

Géigestëmmen si vun der DP, de Gréngen an der ADR komm. Den André Hoffmann (Déi Lénk) war deen eenzegen, dee sech enthalen huet. D'Lydia Mutsch huet vun enger 'optimaler medizinescher Versuergung' geschwat, déi méi

Transparenz a méi Bewosstsinn am Ëmgang mat Medikamenter erreecht soll ginn.

Zu den neien Ännerungen gehéiert d'Verstäerkung vun der Roll vum sougenannte Vertrauensdokter. Hien ass den Intermediaire tëscht dem Patient an dem Spezialist, mä de Patient ass net obligéiert säi Vertrauensdokter ze konsultéieren, fir bei de Spezialist ze goen.

En elektronesche Patientendossier soll déi wichteg Informatiounen vum Patient enthalen. Am Kader vum 'Secret médical' kann de Patient den Zougang zu den Informatioune refuséieren.

Den Etablissement vu 'Kompetenzzenteren' an de Spideeler ass virgesinn. Verschidde Spideeler solle sech op spezifesch Behandlunge konzentréieren.

D'Cotisatiounen un d'CNS geet fir jiddwereen ëm 0,1% erop. Et sinn och aner Augmentatiounen am Kader vun der Eegebedeelegung virgesinn.

D'Patiente solle manner deier, mä qualitéitsméisseg gläich, Medikamenter verschriwwen oder recommandéiert kréien. Vun der CNS kritt ee just de Präis vun de gewéinleche (oder 'generesche') Medikamenter rembourséiert. Dobäi kënnt, datt den Openthalt am Spidol méi deier gëtt.

Am ganze sollen eng 65 Milliounen Euro zesummekommen. Allerdéngs mengt de Carlo Wagner vun der DP net, datt d'Reform zu groussen Erspuernisser féiere wäert. De Felix Braz (déi Gréng) gleeft net, datt d'Finanze vun der CNS sech erëm ausgläichen. D'Laascht géif sech op d'Versécherter transferéieren. Dem Jean Colombera no, wäert 'jiddwereen méi bezuele mussen'.

D'Gesondheetsreform schéngt vill Problemer net geléist ze hunn. Alleng de Fait, datt den neie Projet esou kuerzfristeg an ouni vill Iwwerleeung gestëmmt gouf, géif e schlecht Zeeche sinn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn