Thursday 13 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Rosa Schnéi zu Stockholm féiert zu Gesondheetspanik

De schwedeschen Ëmweltministere huet d'Bewunner vun de Staddeeler Södermalm, Kungsholmen a Stora Essingen viru Beréierung mat Schnéi, dee rosa gefierft ass, gewarnt.

Ursprénglech hunn d'Autoritéite gemengt, et kéint sech beim rosae Schnéi ëm gëfteg Chemikalien, oder esouguer Rategëft, handelen. D'Sanitärdéngschter sinn am gaangen de rosae Schnéi ewechzeraumen.

No der Verbreedung vun der Warnung iwwer d'Medien, huet sech de Club 'Hash House Harriers' fir Schilaangleefer bei der Stockholmer Stadsverwaltung gemellt.

Si hätten d'Begrenzunge fir eng Loipe mat Polver, dee rosa ass, ausgeluecht. Do hätt sech de Polver mam Schnéi vermëscht a gouf vum Wand opgewirbelt. Doropshin wier en als rosaen Nidderschlag zu Stockholm erofkomm.

D'Faarw besteet aus enger Mëschung vu Waasserfaarwen a vun Tënt fir Printer-Cartouchen. Obwuel d'Substanz net geféierlech ass, sinn d'Leit gerode ginn, de Schnéi net z'iessen oder ze schmaachen.

 

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn