Thursday 13 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Holland: Schluss mam Drogentourismus

An den hollännesche Coffeeshops gi bekanntlech net nëmmen Iesswueren a Gedrénks, mä och 'wäich' Drogen verkaf. Déi gesetzlech Limite läit bei 5 Gramm Cannabis pro Persoun pro Dag. Vill Touristen aus den Nopeschlänner hunn dëst Akafsméiglechkeet oft genotzt.

Zu Maastricht ginn et 14 Coffeeshops, déi fréier 3,9 Milliounen Visiteure pro Joer haten. Dorënner si 70% aus dem Ausland komm. Am Duerchschnëtt huet dat 7.500 auslännesch Drogentouristen pro Dag geheescht.

Maastricht, déi eng Bevëlkerung vun 119.000 huet, war der Meenung, datt d'Drogentouristen ze vill Problemer an der Stad verursaacht hunn. Enn 2005 huet de Stater Rot beschloss, d'Coffeeshops nëmme fir Hollänner zougänglech ze maachen.

Dëst huet mam EU-Recht iwwerteneegestëmmt, sou den EuGH. D'Proprietairë vun de Coffeeshops kënne sech net op déi EU-wäit Wueren- an Déngschtleeschtungsfräiheet beruffen, well den Handel vun Drogen an Europa am Fong illegal ass. Datt den Zoutrëtt-Verbued sech och op de Verkaf vun Iesswueren a Gedrénks bezitt géif awer gerechtfäerdegt sinn, fir den Drogentourismus anzedämmen. E renge Verkaf-Verbuet kéint ee kaum kontrolléieren.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn