Tuesday 24 June 2025
Font Size
   
Wednesday, 01 December 2010 00:00

Australien: Iwwerschwemmungskrise verschlëmmert sech

Brisbane, di drëtt gréisst Stad an Australien mat enger Bevëlkerung vun 2 Milliounen, ass elo och vun den déidlechen Iwwerschwemmunge betraff. Dausende vu Leit hu missen aus der Stad flüchten. Den Zentrum gëtt als 'Geeschterstad' beschriwwen.

D'Iwwerschwemmungskatastroph, deen den Nordoste betrëfft, gëllt als déi Schlëmmst déi Australien jee gesinn huet, oder op mannst säit 1893. Gëschter sinn op mannst 9 Leit ëm d'Liewe komm wou eng riseg Well op si zoukomm ass. Et ginn der

nach 67 vermësst.

An engem tragesche Virfall ass e 17-järegt Meedchen erdronk wou säi Fouss tëscht zwee Sténg hänkebliwwe war. 'Et gi Läichen déi an de Beem gefaange sinn, Läichen a Buchten no deene mir sichen' sot de Katastrophe-Coordinateur Ian Stewart zu AFP.

D'Elektrizitéit gouf op dausende an dausende vu Gebaier ofgeschnidden. Booter a Waasser-Restaurante goufe vun hiren Anlegestelle lassgerappt a sinn de Brisbane Floss erofgerast an a Brécke gekraacht. Zeien hu ganz Haiser am Waasser dreiwe gesinn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn