An engem tragesche Virfall ass e 17-järegt Meedchen erdronk wou säi Fouss tëscht zwee Sténg hänkebliwwe war. 'Et gi Läichen déi an de Beem gefaange sinn, Läichen a Buchten no deene mir sichen' sot de Katastrophe-Coordinateur Ian Stewart zu AFP.
D'Elektrizitéit gouf op dausende an dausende vu Gebaier ofgeschnidden. Booter a Waasser-Restaurante goufe vun hiren Anlegestelle lassgerappt a sinn de Brisbane Floss erofgerast an a Brécke gekraacht. Zeien hu ganz Haiser am Waasser dreiwe gesinn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352